1 Educateur diplômé (M/F/D) – Referenz : 3489
fir säi neie Service „Komm mat an d‘Natur“ fir 20 Stonnen/Woch am CDI
Hutt Dir Loscht Iech an engem neie Service z‘engagéieren? Dir sidd drun interesséiert, mat Famillen, Kanner an Jugendlechen mat ënnerschiddlechem sozio-kulturellem Hannergrond an Benevollen ze schaffen? Dir sidd naturbegeeschtert, sportlech an een Organisatiounstalent?
Missiounen:
- Plangen an Ëmsetzung vun pedagogeschen Aktivitéiten an der Natur
- Encadrement vun Kanner an Jugendlechen
- Ënnerstëtzung vun den Elteren beim Ëmgang mat hire Kanner
- Reegelméisseg un Teamversammlungen deelhuelen
- Benevollen bei hirem Engagement ënnerstëtzen
Profil :
- Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“
- Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich
- Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur an Sport - Eng zousätzlech Formatioun z.B. am Beräich Natur- oder Wildnispädagogik ass vun Virdeel
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten an bereet och Weekends ze schaffen
- Dir hutt Kooperatiounsfäegkeet an hutt Verantwortungsbewosstsinn
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
- Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
- Dir hutt en Führerschäin B an een Auto zur Verfügung
Mir bidden Iech :
- Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
- De CCT-SAS Kollektivvertrag
- Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
- Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
- Eng verantwortungsvoll an villfälteg Aarbechtsplaz
- Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
- Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet
Schéckt är Kandidatur iwert den Internetsite https://recrutement.croix-rouge.lu
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Casier judiciaire
