Conseiller formation continue - focus (m/w)

Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Social pedagogue Social work

Go back

arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.

 

Mir siche fir d’Service focus : Conseiller formation (m/w) - 20-40 Stonnen/Woch CDI

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

RESPONSABILITÉITEN

Hues du Loscht am Beräich vun der Weiderbildung ze schaffen a folgend Missiounen ze erfëllen:

  • Organisatioun an Entwécklung vu Formatiounen am Beräich vun der non-formaler Bildung,
  • Entwécklung vu neie Formatiounsmodeller,
  • Ausschaffe vu pedagogesche Projet'en,
  • Austausch mat de Chargé'en bezüglech dem Besoin vun de Formatioune fir hier Ekippen,
  • Recrutement vu neie Formateur'en fir ënnerschiddlech Zilgruppen (Dageselteren, Fleegefamilljen, edukatiivt Personal aus dem Beräich « Service d'Education et d'Accueil » an « Aide à l’Enfance et à la Famille »,
  • Recherche an Evaluatioun vu pedagogeschen Inhalter fir d‘ Entwécklung vun neie Formatiounen.

 

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

  • Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Educatives,
  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung,
  • Du hues Kenntnisser an der non-formaler Bildung,
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
  • Du beherrschs d‘ Programmer MS Word an Adobe Pro fir administrativ Aarbechten.

 

MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN

  • Bachelor

 

ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN

  • 5 oder méi Joer

 

MIR BIDDEN

  • Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Go back

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Contact person
Agathe Arnaize

Go back