Responsabilitéiten
Am Kader vun der Ouverture vun enger neier Crèche siche mir eng dynamesch, kreativ a motivéiert Persoun, déi Loscht op d’Konzeptioun an d’Gestaltung vun dësem neie Projet huet. Hei kanns du deng Equipe zesummestellen a gemeinsam mat dëser di konzeptuell Ëmsetzung vun der Crèche preparéieren.
Mir siche fir eis néi Crèche zu Harel: Chargé de direction (m/w) - 40 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
- Du hues een an Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur gradué
- Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projet’en
- Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden
- Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am erzéieresche Beräich
- Du kanns selbstänneg schaffen
- Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser
Mir bidden
- Eng aktiv Ënnerstëtzung beim Organiséiere vun enger neier Struktur
- E Schaffe mat a Opstelle vun enger multikultureller a dynamescher Equipe
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E motivéierend a multidisziplinäert Aarbechtsfeld
- E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen
