Op der Schock, société coopérative stellt an:
1 Traiteur (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Kichenatelier zu Réiden
Missioun:
- Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kichenatelier schaffen mam Schwéierpunkt op der Gestioun vum Traiteursberäich
- Encadrement vum Grupp:
- Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
- Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Behënnerung am Kichenberäich
- Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
- Qualitéit vun de Produit‘en an Ëmsetzen vun den Normen HACCP garantéieren
- Nei Produit’en matentwéckelen
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Meeschterkaart als Traiteur, oder DAP Restaurateur mat Bereetschaft di néideg Formatiounen nozemaachen
- Beherrschen vun den HACCP Normen
- Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Kreativitéit a Loscht nei Projeten mat ze entwéckelen an opzebauen
Konditiounen:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
- Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.
Tel: 00352 26 62 93 - 1
E-mail: recrutement@ods.lu
