Mir sichen fir eis Wunngemeinschaft Millebaacher Haus
En-g Educateur-trice diplômé-e (m-w-d)
(Ref.: MBH 07/2026)
CDI, 40 Stonnen/Woch, CCT-SAS – Carrière C4
Är Missioun:
- Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirer Autonomie a Selbstbestëmmung ënnerstëtzen a si am Alldag begleeden.
- Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten.
- Dofir suergen, dass an der WG eng schéin Ambiance ass an dass jiddereen sech wuelfillt.
- Hëllef an Ënnerstëtzung bei den actes essentiels de la vie.
- Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.
Äre Profil:
- Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
- Kontaktfreedeg sinn an Equippegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
- Gäere Schichte schaffen a flexibel sinn.
- Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
- Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen kënnt Dir uruffen um 691 769 376.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne geschéckt ginn un:
Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un [email protected]
82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Contact person
Service Ressources Humaines
Phone
+352 30 92 32 - 222