De Centre de Rencontre, d’Information et d’Animation pour Jeunes (CRIAJ) sicht fir säi Jugendhaus zu Grevenmacher eng diploméiert Educatrice / en diploméierten Educateur (m/w) op 100 %
(40 Stonnen d’Woch – CDI / onbefriste Kontrakt).
De Kontrakt gëtt no dem Kollektivvertrag SAS (Secteur d’aide et de soins a soziale Secteur) gereegelt.
Äre Profil
Mir sichen eng Persoun, déi:
- eng vun den dräi Landessprooche beherrscht (Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch) – Lëtzebuergesch ass eng Plus-value
- Bierger/in vun engem EU-Land ass
- iwwer berufflech Erfarung am sozio-edukative Beräich verfüügt (eng Erfarung ass vu Virdeel)
- en unerkannten Diplom als diploméiert Educatrice / diploméierten Educateur huet
- flexibel bei den Aarbechtszäiten ass
- dynamesch, engagéiert an initiativ ass
- de Führerschäin Kategorie B huet
Är Missiounen
- individuell a gruppenorientéiert Begleedung vu Jonken
- Organisatioun an Ëmsetzung vun deeglechen Aktivitéiten a pädagogesche Projeten
- aktiv Matgestaltung vun der Jugendaarbecht
- Erfarung oder Interessi un informeller Jugendaarbecht
Är Kandidatur soll enthalen
- Motivatiounsbréif
- detailléierte CV mat rezenter Foto
- Kopie vun Diplomer a Certificaten
- rezenten Extrait aus dem Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5
- rezenten Certificat de résidence
Wou kënnt Dir Iech mellen?
Är Kandidatur kënnt Dir per Post oder per E-Mail schécken un:
CRIAJ
20, rue de la Poste
L-6774 Grevenmacher
✉ [email protected]
Deadline fir d’Kandidaturen: 15. Juni 2026