Educateurs diplômés (m/w/nb) - CDI (CCT SAS) - 20-32 Stonnen/ Woch

Foyer Bamerdall Diekirch asbl
Job location: 9209 Diekirch
Job type: Permanent contract Part time
Category: Educator

Go back

Mir siche fir eis Wunnstruktur zu Dikrech ab dem 1. August 2026 Persoune fir d’sozialpädagogesch Betreiung vun engem Grupp vu Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung.

Är Aufgaben:

  • Begleedung a Betreiung vun de Bewunner a Bewunnerinnen am Alldag
  • Entstëtzung bei der Entwécklung vun hirer Autonomie an der sozialer Participatioun
  • Zesummenaarbecht an engem multidisziplinären Team
  • Ënner anerem Nuetsschichten (nuits dormantes) souwéi Weekender a Feierdeeg

Äre Profil:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier
  • Kenntnisser vun opmannst zwou vun den dräi Landessproochen (Lëtzebuergesch ass vu Virdeel)
  • E gültege Führerschäin (Kategorie B)
  • Sënn fir Verantwortung, Zouverlässegkeet, autonomt Schaffen an Teamgeescht

Mir bidden:

  • Eng onbefrist Astellung (CDI) vun 20-32 Stonne/ Woch nom SAS-Kollektivvertrag
  • Eng ofwiesslungsräich a flexibel Aarbecht an engem multidisziplinären Aarbechtsëmfeld
  • Astellung ab 1. August 2026 oder no Ofsprooch

Interesséiert?

Da schéckt w.e.g. Är schrëftlech Demande, inklusiv Liewenslaf a Kopie vum Diplom, bis den 20. Juni 2026 per E-Mail un:

[email protected]

oder

per Post un:

Foyer Bamerdall
146, rue Bamerthal
L-9209 Diekirch

Eng éischt Selektioun gëtt op Basis vun den Dossiere gemaach.

Go back

Foyer Bamerdall Diekirch asbl
146 rue Bamerthal
9209 Diekirch
Contact person
Sam Kugener

Go back

Apply online

Please add 9 and 5.

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply