De CNDS (Comité National de Défense Sociale) engagéiert am Kader vum Ausbau
vun der Offer vum TABA, an der Stad Esch-Uelzecht an zu Walfer:
Educateurs diplômés (m/w)
30-40 St/Woch, CDI
(CCT SAS, carrière C4)
Réf : ABR202607Taba
Är Missioun:
- Qualitativ héichwäerteg Betreiung vu Clienten vun den 2 Servicer TABA zu Walfer an zu Esch-Uelzecht
- Hëllefsstellung an der perséinlecher Entwécklung an an der Stabiliséierung vun de Clienten
- Realisatioun vu Projeten am Beräich Stabiliséierung, Fräizäit, Kultur a Sport
- Vernetzten Zesummenaarbecht mat de Partnerorganisatiounen wéi den Abrigado an de soziale Reseau
Äre Profil:
- En zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Éducateur diplômé oder eng Equivalenz mam Droit d'Exercer
- Freed mat Mënschen mat enger Drogenofhängegkeet ze schaffen
- Idealerweis Erfarung an der Aarbecht mat Mënschen mat chroneschen Erkrankungen, an enger Drogesucht
- Belaaschtbar, oppen a kontaktfreedeg, e gudden Teamgeescht, wëssen autonom ze schaffen a Verantwortung ze iwwerhuelen
- Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen a verstoen, all weider Sprooche si wëllkomm
Mir bidden un:
- Eng ofwiesslungsräich an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen Haaptacteur am Sozialberäich
- Eng dynamesch, kreativ an engagéiert Ekipp
- Autonomie an der Aarbecht
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif, Kopi vum néidegen Diplom) bis den 28. August 2026 un: [email protected]
Am Fall vun enger Astellung froe mir eng rezent Kopi vum Casier Judiciaire
www.cnds.lu
136 route de Luxembourg
L-7374 Helmdange
Contact person
Responsable Recrutement
Phone
+352 33 72 52 1