1 Encadrant fir eis Atelier’en Fieder-Liicht an Kreativ, CDD 1 Joer ab dem 01/01/2027 (remplacement congé maternité/parental) 20-30 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden

Op der Schock
Job location: L-8508 Redange / Attert
Job type: Fixed-term contract Temporary Part time
Category: Educator Educator
Chiffre: REF: COOP202603

Go back

Op der Schock, société coopérative stellt an:

1 Encadrant fir eis Atelier’en Fieder-Liicht an Kreativ, CDD 1 Joer ab dem 01/01/2027 (remplacement congé maternité/parental) 20-30 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden REF: COOP202603

Atelier Fieder-Liicht

  • Iwwersetzen vun Texter an d‘liicht Sprooch
  • Leeden vun eise Préiwgruppen vu Mënsche mat spezifesche Bedierfnisser:
    • déi Texter an der liichter Sprooch préiwen an upassen
    • déi touristesch Angeboter testen a Virschléi maache wéi des kënne méi inklusiv gestallt ginn
  • Projeten am inklusiven Tourismus mat ausschaffen
  • Austausch mam Client

Atelier Kreativ

  • Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung kreativ Produkter fir den Verkaaf an eisem Buttek hierstellen
  • Encadrement vum Grupp:
    • Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
    • Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung
    • Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
  • Eng kreativ Produktioun fir den Verkaaf an eisem Geschäft opbauen

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am pädagogesche Beräich (zb.Erzéier)

oder Beruffserfahrung an der Begleedung vu mat Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung

  • Kenntnisser vun der liichter Sprooch, respektiv Loscht sech an dee Beräich anzeschaffen
  • Kreativitéit an Bereetschaft fir nei Iddien auszeschaffen
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Fähegkeet hunn autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Freed an Engagement an der Aarbecht
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • CDD fir 1 Joer als Remplacement am Kader vun engem Congé de maternité/parental ab dem 01/01/2027, mat méiglecher Perspektiv op eng Verlängerung vum Kontrakt
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: [email protected]

 

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

What is the sum of 7 and 9?

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply