SOLINA Solidarité Jeunes ASBL engagéiert
1 DIPLOMÉIERTEN ERZÉIER (m/w/d)
fir säi Projet VEO, eng Zesummenaarbecht vum Service Logement Social Encadré (LSE) a vun eisem therapeuteschen Sucht- a Berodungsdëngscht IMPULS
40 Stonnen/Woch – CDI am Kollektivvertrag CCT-SAS, Karriär C4 – fir direkt oder no Ofsprooch
– réf. 2026.01.VEO –
Deng Aufgab:
- D’Beneficiairen bei der Ausaarbechtung, Ëmsetzung an dem Suivi vun hirem "Projet de vie" no enger laangfristeger stationärer Kuur am Zesummenhang mat enger Ofhängegkeet begleeden
- D’Entwécklung vun der Autonomie an de Liewenskompetenzen am Kader vun enger Approche mat individualiséierten Ziler fërderen
- Fir déi sozial-pädagogesch Betreiung suergen an op d’Anhale vum institutionelle Kader oppassen
- D’Uwendung vum Konzept an de Wäerter vun der Associatioun am Alldag garantéieren
- Eng enk Zesummenaarbecht mat dem multidisziplinäre Team an de Partner aus dem Reseau assuréieren
Däi Profil:
- Du hues berufflech Erfarung
- Du hues Loscht mat jonken Erwuessenen ze schaffen an hinnen ze hëllefen, sech weider ze entwéckelen
- Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapädagogik, Sucht an Addiktiounen, Deeskalatioun an/oder SOP (Sicherheitsorientierte Praxis) si vu Virdeel
- Du bass verantwortungsbewosst a kanns souwuel autonom wéi och an der Ekipp schaffen
- Wäerter wéi Respekt, Wäertschätzung, Transparenz an Empathie gi vun dir gelieft
- Du hues eng gewësse Flexibilitéit an dengen Aarbechtszäiten
- Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch ouni Problem schwätzen a schreiwen (all weider Sprooch ass vu Virdeel)
- Du hues PC Kenntnisser a schrëftlech Kompetenzen
- Du hues de Führerschäi B
Mir bidden Dir:
- Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze sinn
- een ofwiesslungsräichen Aarbechtsalldag
- eng Ënnerstëtzung duerch e motivéiert Team an interessant Formatiounen
- eng verantwortungsvoll a villfälteg Aarbechtsplaz mat Laangzäitperspektiven
(am CCT-SAS Kollektivvertrag) - ee Betrib, wou de Mënsch a senger Individualitéit am Vierdergrond steet
D‘Kandidaturen mat Referenznummer, Liewenslaf, Foto, Kopie vum Diplom a néideg Ënnerlage, kënnen bis den 14.02.2026 u follgend Adress geschéckt ginn:
SOLINA SOLIDARITÉ JEUNES a.s.b.l. ● 163, RUE DU KIEM ● L-8030 STRASSEN
oder op den [email protected]
Wann d’Kandidaturen zeréckbehalen ginn, froen mir d’Casiers judiciaires 3, 4 a 5.