Op der Schock, société coopérative stellt an:
1 Coordinateur fir eis kreativ Atelier‘en (m/f/n), CDI 40St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden – REF: COOP202601
Deng Missioun:
An engem Team vu Coordinateuren zesummen d’Leedung vun den Ateliers d’Inclusion Professionnelle assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock.
- Een Schwéierpunkt vun denger Aarbecht läit an der Leedung vum kreative Beräich:
Leedung vum Team
o Aarbechtsorganisatioun a Fonctionnement vum Alldag mat der Equipe zesumme plangen an ëmsetzen
o Leedung vun Teamversammlungen
o Féierung vu Mataarbechtergespréicher
Ënnerstëtzung an der pädagogescher Aarbecht
o Aarbechtsofleef strukturéieren an un d’Kompetenze vun eise betreite Mataarbechter upassen
o Entwécklung an Aktualiséierung vun Aarbechtsprozeduren an Zesummenaarbecht mam Team
o Fërderung vun de Kompetenze vun de betreite Mataarbechter
Organisatioun vun der kreativer Produktioun zesumme mam Team (Käerzen, Keramik, Floristik, etc.)
- Een weidere Schwéierpunkt ass den aktive Suivi an d‘Koordinatioun vun den Evaluatiounen an de Kompetenzbilanen vun de betreite Mataarbechter (initiale Kompetenzenbilan, Dokumentatioun vun den Aktivitéiten, Formatiounspläng a Projeten zur berufflecher Inklusioun).
Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Coordinateur matbrénge solls:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Bachelordiplom am Beräich Pädagogik an/oder Management
- Ee Leadership, gepräägt duerch eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht,
- Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
- Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun
- Fäegkeet, Freed a Motivatioun, souwéi och den Equippegeescht ze fërderen
- Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht
- Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Gutt PC-Kenntnisser
Wat mir dir bidden ?
- Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
- Vernetzung mat anere Servicer
- Reegelméisseg Formatiounen
- Aschaffen vun der Direktioun an deenen anere Memberen vum Leedungsteam
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C6
Konditiounen:
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Matarbechter hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg, Casier) un:
Op der Schock - Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81