1 Aide-soignant (m/f/n), CDI 30 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Op der Schock
Job location: L-9169 Mertzig
Job type: Permanent contract Part time Full time
Category: Care Assistant Accounting & Finance
Chiffre: REF: 202515

Go back

Op der Schock asbl stellt an:

1 Aide-soignant (m/f/n), CDI 30 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
  • Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Prinzip vun Teilhabe an der authentescher Inklusioun entsprécht

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-soignant
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
  • Eng respektvoll, léisungsorentéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Wäertschätzenden Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen :

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: [email protected]

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

What is the sum of 3 and 6?

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply