En-g Aide-Soignant-e (m/w/d) - Ref.: Elmen 10/2026

Ligue HMC
Job location: L-8311 Capellen
Job type: Permanent contract Full time
Category: Care Assistant > Care Assistant in Facility

Go back

“Haus Elmen” ass eng kleng Wunngemeinschaft zu Olm, an engem familiäre Kader, fir 8 eeler Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung. Hutt dir Loscht, dësen neie Projet mat ze gestalten? Mir sichen

en-g Aide-Soignant-e (m/w/d)
Réf.: Elmen 10/2026

 CDI 40 Stonne/Woch (CCT-SAS)

Är Missioun:

  • Eeler Mënsche mat enger Beanträchtegung an hirem Alldag, an hirer Fräizäit an an hirem sozialen Ëmfeld begleeden.
  • Dofir suergen, dass an der WG eng schéin Ambiance ass an dass jiddereen sech wuelfillt.
  • Begleedung am Beräich vun der Gesondheet.
  • Hëllef an Ënnerstëtzung bei den actes essentiels de la vie.
  • Zesumme mat de Bewunner hire perséinleche Liewensprojet gestalten.
  • Zesummenaarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.

    Äre Profil:

    • Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
    • Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
    • Gäre Schichte schaffen.
    • Flexibel sinn a Loscht op nei Erausfuerderungen hunn.
    • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
    • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.

    Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

    Fir weider Informatiounen kënnt dir iech mellen um 621 262 273.

    Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach.

    D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne geschéckt ginn bis spéitstens den 13. November 2026 un:

    Ligue HMC a.s.b.l.
    Direction
    B.P. 49
    L-8301 Capellen
    [email protected]

    Go back

    82, route d' Arlon
    L-8311 Capellen
    Contact person
    Service Ressources Humaines

    Go back

    Apply online

    Please add 2 and 1.

    Go back

    Zum Seitenanfang springen
    Apply