Mir sichen fir an eisem Service Technique zu Capellen
E Mataarbechter (m/w/d)
(Réf. : ST 01/2026)
CDI, 40 Stonnen/Woch, CCT-SAS
Är Missioun:
· Dir sidd zoustänneg fir den Ënnerhalt vun de verschiddenen Gebaier vun der Ligue HMC (ateliers protégés, foyers d’hébergement, Day Center,…) op verschidde Siten.
· Dir sidd a Kontakt mat den Handwierksbetriber an de Fournisseuren a schafft an engem polyvalenten Team.
· Dir assuréiert de Suivi vum Entretien a vun der Maintenance vun de Gebailechkeeten, den techneschen, elektreschen, sanitären Installatiounen an den Alentouren.
· Dir assuréiert déi administrativ Gestioun vun den techneschen Interventiounen.
· Dir maacht verschidden deeglech Handwierksaarbechten, Renovatiounen oder kléng Reparaturen.
· Dir berot Direktioun.
· Dir bedeelegt Iech un der Organisatioun a Virbereedung vu verschiddenen Aktivitéiten am Haus (Saisonal Dekoratioun, Fester a Manifestatiounen…).
· Dir schafft mat un neien technesche Projeten.
Äre Profil:
· Dir hutt e Führerschäin Klass B
· Dir hutt een CATP/DAP an engem Handwierksberuff
· Dir sidd bereet Permanence ze maachen
· Eng zertifiéiert Weiderbildung als Sécherheet-beoptraagten an de Stapler-Führerschäin si vu Virdeel
· Dir hutt gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierkleche Beräicher (Elektresch, Sanitär, Heizung, …)
· Dir beherrscht déi 3 Landessproochen (L/D/F), woubäi Lëtzebuergesch eng Viraussetzung ass
· Dir hutt gutt Computerkenntnisser (MS-Office)
· Dir sidd zouverlässeg, diskret, flexibel, disponibel, dynamesch, organiséiert
· Dir hutt kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
· Dir schafft gären am noe Kontakt zu Bewunner a Mataarbechter aus de verschiddenste Beruffsgruppen
Fir weider Informatiounen, mellt Iech wärend den Büroszäiten (09.00-16.30 Auer) um 30 92 32 286.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens de 20.01.2026 geschéckt ginn un:
Ligue HMC asbl
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
Oder