1 Secrétaire de direction (m/f/n), CDI 20St/Woch, fir eise Site zu Réiden – REF : ASBL202606

Op der Schock
Job location: L-8508 Redange / Attert
Job type: Permanent contract Part time
Category: Administration
Chiffre: ASBL202606

Go back

D’asbl Op der Schock stellt an:

1 Secrétaire de direction (m/f/n), CDI 20St/Woch, fir eise Site zu Réiden – REF : ASBL202606

Deng Missioun:

  • Administrativ an organisatoresch Ënnerstëtzung vun der Direktioun
  • Opbereeden an Aktualiséiere vun Dokumenter, Dossieren a Presentatiounen
  • Präparatioun, Verschrëftlechungen an Ausschaffe vun Dokumenter a Rapporten
  • Koordinatioun a Gestioun vun der Korrespondenz (E-Mailen, Bréiwer, intern Kommunikatioun
  • Plangen an Organisatioun vu Reuniounen (Agenda)
  • Matwierkung bei der Organisatioun vun interne Veranstaltungen an Evenementer
  • Entgéinthuele vun Telefonsuriff a professionell Weiderleedung vu Messagen
  • Bereetstelle vun éischten Informatioune fir intern an extern Interlocuteuren
  • Suivi vun den Assurancen

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom Niveau Bachelor am administrativen Beräich
  • Erfahrung als Secrétaire de direction sin vu Virdeel
  • Gutt Fähegkeeten an der Verschrëftlechung
  • Gutt Kenntnisser vu Word, Excel an Outlook
  • Frëndlechkeet, Gedold an Diskretioun
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Wäertschätzenden Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Loscht sech an engem Team ze engagéiren
  • Gutt Sproochkenntnisser – Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

Konditiounen:

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carriere C6
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande bis den 10ten Juli (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

 

Oder per E-Mail un: [email protected]

 

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: [email protected]

Go back

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Contact person
Nathalie Jacques

Go back

Apply online

What is the sum of 7 and 8?

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply