Wunnengshëllef association sans but lucratif reconnue d’utilité publique
sicht fir hire
Departement Administratioun
eng/en Comptable (m/w/d)
fir 32 - 40 Stonnen d’Woch an op onbestëmmten Zäit
mat direktem Utrëtt oder no Ofsprooch
Carrière – C5 / C4
Är Aufgaben :
· Selbstänneg Duerchféierung vun der lafender Buchhaltung (Hauptbuch, Debitoren, Kreditoren)
· Verbuchung vun allen Geschäftsvorfäll no LuxGAAP, souwéi Ënnerstëtzung bei der Rechnungsveraarbechtung
· Opstelle vu Monats-, Quartals- an Joresofschlëss
· Virbereedung an Opstelle vu Décompten, besonnesch am Beräich Vermieterofrechnungen
· Responsabel fir d’Iwwerwaachung an d’Gestioun vum ‘recouvrement de créances’
· Opstelle vu relevante Finanzreportinge fir intern an extern Stakeholder
· Ënnerstëtzung bei der Budgetopstellung souwéi Verantwortung fir de Budget-Tracking
· Kontenofstëmmungen an d'Sécherstellung vun der Qualitéit an Transparenz vun de Finanzdaten
· Aktiv Matwierkung bei der Moderniséierung an Digitaliséierung vun den Accounting-Prozesser
· Zesummenaarbecht mat Auditoren, Autoritéiten an externen Partner
Äre Profil :
· Ofgeschloss Ausbildung am Beräich Buchhaltung, Finanzen oder änlech
· Méijäreg Erfarung am Rechnungswiesen, idealerweis am soziale oder Immobilieberäich
· Ganz gutt Kenntnisser am LuxGAAP an Erfarung mat BOB50
· Séchere Ëmgang mat MS Excel, PowerBI an digitale Tools
· Exzellent organisatoresch Fäegkeeten an eng strukturéiert Aarbechtsweis
· Héije Sënn fir Diskretioun, Zouverlässegkeet a Verantwortung
· Selbststänneg Aarbechtsweis an eng lösungsorientéiert Approche
· Ganz gutt Kenntnesser vun den dräi offiziellen Sproochen am Groussherzogtum Lëtzebuerg: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch; weider Sprooche si vun Avantage
Remuneratioun & Konditiounen
De Salaire an d’Aarbechtskonditioune richte sech no der CCT SAS - C4 oder C5, jee no Profil an Erfarung.
Kandidatur
Är komplett Dossieren (Foto, Motivatiounsbréif, CV an Kopië vun den Diplomer) si bis
spéitstens den 15. Juni 2026 ze schécken un:
[email protected]
Am Fall vun enger Astellung gëtt e Casier judiciaire gefrot, fir d’Honorabilitéit ze evaluéieren, am Kader vun den Ufuerderunge vum Poste.