Chargé(e) de direction (m/w/d)

Lënster Päiperlék
Arbeitsort: 6140 Junglinster
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Verwaltung Graduierte·r Erzieher·in
Chiffre: Réf.: RH-JGL/40-CDI/2025-DIR

Zurück

D’Lënster Päiperlék a.s.b.l. sicht:

Fir hiren SEA Päiperlék Junglinster (20, Rue du Village L-6140 Junglinster)

 

1 chargé(e) de direction fir d’Direktiounsekipp (m/w/d) 40h/Woch CDI

Réf.: RH-JGL/40-CDI/2025-DIR

 

Dëse Posten ass ab direkt oder no Ofsprooch ze besetzen. Dëse Poste gëtt an der Carrière C6 vum SAS Kollektivvertrag agestuuft.

 

Profil :

Dir wësst wéi eng Erausfuerderungen Iech an enger Direktioun erwaarden an Dir gesitt Iech selwer an esou enger Roll

Dir sidd teamfäeg a flexibel an Ären Aarbechtszäiten

Dir sidd bereet Responsabilitéit an Eegeverantwortung anzegoen

Dir fillt Iech wuel domatt, eng Ekipp ze leeden

Dir sidd diskret, proaktiv, autonom an hutt Humor

Dir hutt Stäerkten an der Kommunikatioun mat Elteren a mat internen an externen Instanzen

 

Ufuerderungen:

Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplôme als Sozialpedagog/Educateur gradué oder eng équivalent Erfarung

Dir kënnt gutt mat Excel a Word schaffen

Dir sidd verhandlungs- a schreiwsecher an alle gängegen Sproochen

Dir sidd stressresistent a flichtbewosst

Erfarung an der Leedung vun engem SEA ass vu Virdeel

 

Aufgabenberäich:

Dir iwwerhuelt d‘Leedung vun eisem SEA Päiperlék Jonglënster. Zu Ären Aufgabe gehéieren:

  • Ekippe begleeden, orientéieren a leeden
  • Enke Kontakt mat Elteren, internen an externen Instanzen
  • Innovatioun am Haus viru bréngen
  • Organisatioun vun de Schaffpläng
  • Organisatioun a Leedung vu Reuniounen
  • Participatioun bei verschiddenen Aufgaben am Recrutements-Prozess
  • Iwwerbléck vum CSA garantéieren

 

Mir bidden:

Eng Astellung ënnert dem SAS – Kollektivvertrag

Zesummenaarbecht mat enger dynamescher Ekipp

Gutt Weiderbildungskonditiounen

Ee multidisziplinäert Aarbechtsfeld

Eng enk Begleedung vun Experte vum Terrain

 

 

All Demande mat Motivatiounsschreiwes an engem CV sinn bis den 15. November 2025 anzeschécken.

Mat Ärem Dossier gëtt eng Pré-Selektioun gemaach. Bei enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefroot.

 

Adresséiert Är Demande (mat der Mentioun vun der Référenz) un:

Lënster Päiperlék a.s.b.l. – M. Ben SCHEIDEN

20, Rue du Village

L- 6140 Junglinster

TEL.: 26 78 26 67

Email : [email protected]

Zurück

Lënster Päiperlek Asbl
20, rue du village
6140 Junglinster
Ihr Ansprechpartner
Ben Scheiden
Telefon 26782667

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 2 plus 4.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben