De CNDS (Comité National de Défense Sociale) engagéiert fir seng Struktur Nei Aarbecht zu Lorentzweiler
1 Camionchauffer / Handwierker (m/w) C2-C3
40 Stonnen CDI
Réf: NA202512C
Är Missioun:
• Liwweren, ofhuelen an demontéiere vun Occasiounsmiwwelen an all aneren Objet aus privatem Haushalt
• Éischt Bild no baussen si beim Client deen eis seng Spende wëll iwwerloossen
• Mat sozial schwaache Leit schaffen an hir berufflech Integratioun förderen
Äre Profil:
• Ofgeschlossenen Diplom als Handwierker
• Gutt organiséiert, strukturéiert an durchsetzungsfäeg sinn
• Interesséiert sinn un der Sozialaarbecht an eng Virbildfunktioun kënnen iwwerhuelen
• Flexibel an der Aarbecht sinn
• Führerschäin C + Formatioun Code 95
• Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch schwätzen (Englesch ass vu Virdeel)
Mir bidden un:
• Eng ofwiesslungsräich an interessant Aarbecht
• Eng dynamesch a multidisziplinär Ekipp
• Responsabilitéit an Autonomie
• Attraktiv Bezuelung an Aarbechtskonditiounen nom SAS Kollektivvertrag
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif, Foto, Kopi vum néidegen Diplom) bis de 16. Januar 2026 un: [email protected]
Fir wieder Froen kënnt Dir Iech gär un Charel Kneip vun Nei Aarbecht wenden um 33 27 55 1 oder hire Site konsultéieren www.cnds.lu/nei-aarbecht
Am Fall vun enger Astellung froe mir eng rezent Kopi vum Casier Judiciaire