Sozio-pedagogeschen Koordinator (m/f) 40 Stonne pro Woch CDI (CCT/SAS)

Arbeitsort: L-5440 REMERSCHEN
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Chiffre: 2022/RH0801

Zurück

De sozio-pedagogeschen Koordinator (m/f) huet d’Missioun vum Rekrutéieren, Regroupéieren, soziale Betreien, Begleeden an Ënnerstëtzen vun eise Mataarbeschter

  Erliefnis Baggerweier a.s.b.l. huet als Missioun :

- eng Touristen- an Event-Offer ze gestalten nom Konzept "Design for All" um Site "Baggerweier"
- déi berufflech Inclusioun vun benodeelegte Leit ze fërderen déi Schwieregkeeten hunn um éischten Aarbechtsmaart agestallt ze ginn.

De sozio-pedagogeschen Koordinator (m/f) huet d’Missioun vum Rekrutéieren, Regroupéieren, soziale Betreien, Begleeden an Ënnerstëtzen vun eise Mataarbeschter

Den Inklusiounsatelier Erliefnis Baggerweier zielt ënnert sengen Matarbechter Leit mam Statut du „travailleur handicapé“, Schoulofbriecher, Leit déi an enger Insertiounsmesure sinn, Benevollen, Studenten…

Profil:
- Am Besëtz si vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am sozialen Beräich
- Liichtegkeet am Formuléieren vun Berichter, Beobachtungen an Erklärungen
- Ekippegeescht
- Kenntnisser am Beräich "Handicap"
- Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwen
- Flexibilitéit fir mat onreegelméissegen Aarbechtszäiten wärend der Haaptsaison (Mee bis September) eens ze ginn
- Eegestänneg schaffe kënnen
- Am Besëtz vun engem B-Führerschäin sinn


De sozio-pedagogeschen Koordinator gët nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur bezuelt.
D’Kandidature mat Liewenslaf si bis spéitstens den 15. September 2022 un d’Direktioun vun Erliefnis Baggerweier a.s.b.l.                                                         75, Wäistrooss L-5440 Rëmerschen oder per E-mail un erliefnisbaggerweier@pt.lu ze schécken.

Zurück

Erliefnis Baggerweier a.s.b.l.
75 Wäistrooss
L-5440 REMERSCHEN
Ihr Ansprechpartner
Ramon Hemmer

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 5 und 3.

Zurück