Är Aufgaben:
- An Zesummenaarbecht mat enger multidisziplinärer Equipe geréiert Dir d’Waardelëscht an Dir organiséiert déi nei Admissiounen,
- Dir moderéiert, koordinéiert an huelt a verschiddenen Aarbechtsgruppen deel,
- Dir hëlleft a lauschtert de Bewunner an hirem Ëmfeld no,
- Dir suergt derfir dass eise Bewunner déi néideg Assistenz, Orientatioun an Ënnerstëtzung zoukënnt,
- Dir suergt fir e gudden Oflaf an eng gutt Organisatioun vum Service,
- Dir baut eng Vertrauensrelatioun mat de Bewunner an hirer Famill op,
- Dir sidd effizient an Ärer Zesummenaarbecht mat allen Servicer, am Interessi vun de Bedürfnisser vu de Bewunner.
Är Qualifikatioun:
- Dir hutt en sozial-pädagogeschen Diplom mat enger Qualifikatioun fir de soziale Secteur an och d’Erlaabnis äre Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben,
- Dir hutt gutt Kenntnisser vum sozialen Ëmfeld zu Lëtzebuerg a besonnesch wat d’Assurance Dépendance an d’Krankeversécherung betrëfft,
- Diskretioun a Frëndlechkeet, séchert Optrieden, Zouverlässegkeet, Flexibilitéit, selbstännegt Schaffen, Team- a Kooperatiounsfäegkeet sinn Är Stäerkten,
- Dir hutt gutt Kenntnisser am Domaine vun der Gériatrie, der Gérontologie an an der Fleeg,
- Dir sidd kontaktfreedeg an hutt dat néidegt Fangerspëtzegefill am Ëmgang mat de Bewunner an hirem Ëmfeld,
- Dir hutt kee Problem schrëftlech Texter ze verfaassen,
- Dir beherrscht d‘lëtzebuerger Sprooch, an dir kennt Franséisch an Däitsch.
