Référent pédagogique inclusion (M/F/D) - Naturcrèche zu Dippech / CDI / 40h (Ref: 3730)

Croix-Rouge luxembourgeoise
Arbeitsort: Dippach
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Andere Jobs
Chiffre: 3730

Zurück

Ee Référent pédagogique inclusion (M/F/D) – Referenz : 3730

fir seng nei „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 40 Stonnen/Woch.

 

Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau iech!

 

Profil:

  • Dir hutt en Diplom am pedagogeschen oder sozio-edukativen Beräich (Niveau Bachelor)
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
  • Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob den Klengkandberäich.
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
  • Dir hutt Formatioun „Référent pédagogique inclusion“ oder sidd bereet déi ze maachen.
  • Dir kënnt autonom schaffen
  • Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
  • Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
  • Dir hutt berufflech Erfarung mat Kanner mat spezifeschen Besoin‘en
  • Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
  • Dir hutt en Führerschäin B

 

Missiounen:

  • Encadrement vun Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
  • Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditiounen organiséieren an duerchféieren
  • Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
  • D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
  • Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
  • Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn

 

Mir bidden Iech:

  • Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
  • De CCT-SAS Kollektivvertrag, Carrière C6
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
  • Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
  • Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
  • Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet

 

Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Zurück

44, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 2755-2000

Zurück