Psychothérapeute (m/f), 20, 25 ou 30 heures/semaine, CDI

Arbeitsort: L-8522 Beckerich
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Teilzeit

Zurück

Mir sichen en Psychotherapeute, deen eis hëlleft lues a lues en Atelier thérapeutique opzebauen. Dir schafft esouwuel gären individuell therapeutesch mat Leit mat enger Asperger Diagnose, ewéi et Iech och Spaass mécht, agebonnen an enger multidisziplinärer Equipe, un engem Konzept vun enger neier Struktur matzeschaffen? Da misst dëse Poste genau de richtege fir Iech sinn.

Mir bidden Iech :
E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.  
Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.  
Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?  
Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?  
Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?  

Zurück

1, rue Jos Seyler
L-8522 Beckerich
Ihr Ansprechpartner
Marc De Geert
Telefon +352 266 233 1

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 7 und 1.

Zurück