Psychologue

Autisme Luxembourg
Arbeitsort: L-8522 Beckerich
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

Fir den Centre Roger Thelen (Dagesstrukturen) zu Biekerech siche mir en Psychologue (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit fir eis ze hellëfen en Atelier thérapeutique opzebauen (eng zousäetzlech therapeutesch Ausbildung wär vu Virdeel)  

Mir bidden Iech :

  • E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- a Sozialsecteur. 
  • Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglechst ze fërderen an ze begleeden. 
  • Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
  • Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.


Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

  • Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
  • Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
  • Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ? 
  • Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ? 
  • Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?  

Zurück

1, rue Jos Seyler
L-8522 Beckerich
Ihr Ansprechpartner
Marc De Geert
Telefon +352 266 233 1

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 7 plus 9.

Zurück