Pluridisziplinär Equipe - Struktur vir onbegleete mannerjäreg Flüchtlingen (Ref: 2152)

Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht

fir seng nei Struktur(en) vir onbegleete mannerjäreg Flüchtlingen (MNA) am Süden vum Land, eng pluridisziplinär Equipe. (Referenz: 2152)

Dofir siche mir Leit mat folgende Profiller am CDI fir 20-40 Stonnen/Woch:

  • Diploméiert Erzéier (m/w/d)
  • Auxiliaire de vie (m/w/d)
  • Aide-socio familiale (m/w/d)

 

Missioun:

  • Eng sécher Wunnplaz vir Kanner a Jugendlecher bidden, déi eleng op Lëtzebuerg kommen
  • Mat enger wäertschätzender, participativer an léisungsorientéierter Haltung den Kanner an Jugendlecher begéinen an mat hinnen den Alldag gestalten
  • Kanner an Jugendlecher an hirem Alldag begleeden an Ënnerstëtzung bidden (administrativ Prozeduren, Schoul an Ausbildung, medezinesch Betreiung, Fräizäitgestaltung,…)
  • Deel huelen un Teamversammlungen, Supervisiounen an Formatiounen

 

Profil:

  • Unerkannten Diplom am gesichten Beräich
  • Déi 3 Landessprooche (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) beherrschen, all weider Sprooch ass vu Virdeel
  • Flexibilitéit betreffend den Aarbechtszäiten (24h/24h an 7d/7d)
  • Berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet an Verantwortungsbewosstsinn

 

Am Fall vun enger Astellung froen mir een Extrait vum Casier judiciaire.

Zurück

44, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 2755-2000

Zurück