INGENIEUR HVAC

Hôpital Intercommunal Steinfort
Arbeitsort: L-8423 Steinfort
Stellenart: Festanstellung Teilzeit
Kategorie: Technik & Konstruktion

Zurück

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 227 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Fir eise Service « Constructions et infrastructures » ze verstärken, siche mir een :

INGÉNIEUR HVAC (M/W)

fir Deelzäitaarbecht (75%) op onbestëmmten Zäit (CDI)

 

Mir hunn en neie Bauprojet fir eis Spidolsinfrastrukturen ugefangen. Är Missioun ass d ‘Koordinatioun vu Projeten am HVAC-Beräich. Dir wäert duerch déifgräifend Analysen zu technesche Léisungen an der Ëmsetzung vun Heizung, Belëftung am Klimaanlag-Systemer bäidroen.

Är Responsabilitéiten :

  • Konzeptualiséieren vun techneschen Dokumenter am Zesummenhang mat dem Aktivitéitsberäich schreiwen
  • Plan de Realisatioun vum Projet oder Studie, déi duerchgefouert gëtt
  • D ‘Organisatioun vun den Consultatiounen vun de Fournisseuren
  • Kontroll an Iwwerwaachung vun der Qualitéit vun de Servicer a sengem Aktivitéitsberäich
  • Méiglech technesch Léisungen proposéieren
  • Fir d ‘Realisatioun vu Projeten, d ‘Lëschten vun néidegen Material erstellen
  • Eng finanziell a wiertschaftlech Analyse maachen fir d ‘Käschte vun de geplangten Aarbechten anzeschätzen
  • Borderaux de soumissions opsetzen
  • De Budget mat den ënnerschiddlechen Fournisseuren verhandelen
  • Detailléiert Entwécklungen vun techneschen Étuden ausschaffen
  • Produzéiere vun den detailléierte Pläng an Diagrammer

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Ingénieursstudium am Bauberäich oder all aner Domaine deen als gläichwäerteg ugesi gëtt
  • Beruffserfahrung vun op d ‘mannst 5 Joer an enger ähnlecher Positioun
  • Dir hutt een excellent Wëssen am Beräich vun der Architektur, an enger Software fir Berechnung an Zeechnen esou wéi een Wëssen vun Konstruktioun Software gëtt als Virdeel ugesinn
  • Dir beherrscht beschtens déi däitsch, lëtzebuergesch a franséisch Sprooch, all zousätzlech Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
  • Dir kënnt verschidde Projete féieren
  • Dir hutt gutt Konzeptualiséierungs, Gestiouns, Berodungs, Koordinatiouns an Entwécklungsfäegkeeten

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gidd, muss e Casier judiciaire virgeluecht ginn.

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per mail à : recrutement@his.lu

Zurück

1, rue de l'Hôpital
L-8423 Steinfort
Ihr Ansprechpartner
Ophélie Noël
Telefon +352 39 94 91 1

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 5 und 6.

Zurück