Infirmier (m/f/n) - 30-40 Stonnen / Woch

Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

Op der Schock a.s.b.l stellt an:

Een Infirmier (m/f/n), CDI 30—34 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Missioun:

  • Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
  • Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
  • De medezinesche Suivi vun den Bewunner assuréieren
  • Medikamenter stellen
  • Begleedung op Dokter-Rendezvous‘en

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Fir all Posten:

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L—8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.

 

 

Zurück

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques

Zurück

Online bewerben

Was ist die Summe aus 7 und 6?

Zurück