Solina Solidarité Jeunes sicht
1 PSYCHOLOG / 1 PSYCHOTHÉRAPEUTE (m/w)
fir säi Service IIMPULS ETTELBRECK
30 Stonnen/Woch – CDI Kollektivvertrag SAS
fir direkt oder no Ofsprooch
är Aufgab
· Eenzelgespréicher mat Jugendlechen am Alter vun 13-21 Joer
· Familjegespréicher
· Begleedung vu Jugendlecher
· Gruppeninterventioune CHOICE/ECHO/ProST
· Formatiounen a Supervisioune fir Professioneller
äre beruffleche Profil
· Een hei zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog (m/w)
· Beruffserfarung am Beräich Jugendlecher an Drogen ass vu Virdeel
· Eng therapeutesch Ausbildung ass vu Virdeel
· All Kandidat muss gutt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätze kënnen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
äre perséinleche Profil
· Dir sidd respektvoll, verantwortungsbewosst, kreativ, flexibel a motivéiert fir mat vill Engagement an engem Team ze schaffen an hutt Bereetschaft fir Weiderbildungen ze maachen
mir bidden
· Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib an Equipe ze sinn
· de CCT SAS Kollektivvertrag
· een ofwiesselenden Aarbechtsberäich
· ee Betrib wou de Mënsch am Virdergrond steet
