Solina Solidarité Jeunes Engagéiert:
1 DIPLOMIERTEN ERZEIER (m/w)
fir säi Service IIMPULS Lëtzebuerg Stad
20 Stonnen/Woch – CDI Kollektivvertrag SAS
fir direkt oder no Ofsprooch
är Aufgab
· Soziopädagogesch Betreiung vun de Clienten
· An Zesummenaarbecht mat den Therapeuten, Fallkonzeptiounen erstellen an d’ Prise en Charge assuréieren
· A Kontakt sinn mat den therapeuteschen Partnerstrukturen
· D’ Clienten ënnerstëtzen den Alldag ze gestalten an ze liewen
· D’ Clienten bei der Autonomie an enger gesonder Entwécklung begleeden an ënnerstëtzen
· D’Clienten bei der réinsertion post-thérapeutique ënnerstëtzen
· D’ Clienten bei den administrativen Demarchen ënnerstëtzen
· Projeten d’Autonomisation ausschaffen a begleeden
· Dossieren traitéieren, verwalten an organiséieren
äre beruffleche Profil
· Beruffserfarung am Beräich Suchthëllef, Suchttherapie ass vu Virdeel
· Beruffserfarung am Beräich Réinsertion socio-professionelle ass vu Virdeel
· Erfarung mat systemescher Therapie a Berodung ass vu Virdeel
· D’ lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch gutt schwätze kënnen, an all aner Sprooch ass vu Virdeel
· Kenntnisser mam MS-Office, Excel, Outlook, Word etc.
· Organiséiert sinn, gewëssenhaft an autonom schaffen kënnen
· De B Fürerschäin ass noutwenneg
äre perséinleche Profil
· Dir sidd respektvoll, verantwortungsbewosst, kreativ, flexibel a motivéiert
· Dir wëllt mat vill Engagement an engem Team schaffen
· Dir hutt Bereetschaft fir Weiderbildungen ze maachen
Mir bidden Iech:
· Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib an Equipe ze sinn
· de CCT SAS Kollektivvertrag
· een ofwiesselenden Aarbechtsberäich
· ee Betrib wou de Mënsch am Vierdergrond steet
