D'SISPOLO Asbl engagéiert fir Kanner vun 3 bis 12 Joer
1 Chargé de direction adjoint w/m - Educateur gradué
40 Stonnen / Woch
op begrenzten Zäit ab dem 1. Juli 2023 fir ee Congé de maternité mat uschléissendem Congé parental ze ersetzen
D'Kenntnis vun der lëtzebuerger, däitscher a franséischer Sprooch ass obligatoresch.
All Kandidat(in) muss am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Kat.B) sinn.
D'Kandidature mat enger rezenter Foto, enger Kopie vun den Diplomer, engem aktuellen Extrait vum Gebuertsschäin a vum Casier (Bulletins N°3+5),
souwéi engem Curriculum vitae, musse bis spéitstens de 14. Juni 2023 u folgend Adress geriicht ginn:
SISPOLO Asbl
2, Parc
L-9836 HOSINGEN
Eng Virselektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach.
