Solina Solidarité Jeunes sicht:
1 AGENT DE PREVENTION C6 (m/w)
Niveau Bachelor (carrière C6)
fir säi Service IMPULS Präventioun zu Stroossen
40 Stonnen/Woch – CDI Kollektivvertrag SAS
fir direkt oder no Ofsprooch
är Aufgab
· Elaboratioun an Implementatioun vum Guide d’Intervention an all de Lycéeën zu Lëtzebuerg
· Coachen vu professionellen Aarbechtsgruppen
· Formatiounen a Supervisioune fir d’ Schoulpersonal aus den Lycéeën
· Erschaffen vu präventiven Konzepter a Projeten
äre beruffleche Profil
· Minimum 5 Joer Beruffserfarung am Beräich Jugendlecher an Drogen ass vun Virdeel
· Basis Kenntnisser aus dem Beräich vun der Präventioun hunn
· All Kandidat muss gutt lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch schwätze kënnen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
äre perséinleche Profil
· Dir sidd respektvoll, verantwortungsbewosst, kreativ, flexibel a motivéiert fir mat vill Engagement an engem Team ze schaffen an hutt Bereetschaft fir Weiderbildungen ze maachen
· Dir sidd fäeg selbststänneg ze schaffen an Initiativen ze ergräifen
mir bidden
· Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib an Equipe ze sinn
· de CCT SAS Kollektivvertrag
· een ofwiesselenden Aarbechtsberäich
· ee Betrib wou de Mënsch am Virdergrond steet
D ‘Kandidature mat Liewenslaf, Foto, Kopie Diplom, an néideg Ënnerlage kënne u folgend Adress geschéckt ginn:
SOLINA SOLIDARITÉ JEUNES a.s.b.l.
163, rue du Kiem – L 8030 - STRASSEN
CONTACT@S-J.LU
Wann d’Kandidaturen zeréckbehale ginn, froe mir d’Casiers judiciaires 3, 4 a 5.
