arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher a Familljen.
Mir siche fir den Service focus, Formatioun an Entwécklung : Fachbegleeder (m/w) - 40 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Responsabilitéiten
Du hues Loscht am Beräich vun der pedagogescher Berodung a Weiderbildung ze schaffen a follgend Missiounen ze erfëllen?
- konzeptuell Begleedung vu Crèchen (Service d’éducation et d’accueil) an der pedagogescher Qualitéitsentwécklung
- pedagogesch Berodung vun de Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen
- Entwécklung an Ausschaffe vu pedagogesche Konzepter a Projeten
- Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem edukative Beräich
- Weiderentwécklung vu praxisorientéierte Formatiounsmodeller an eisem Spillzenter
Obligatoresch Ufuerderungen
- Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et Éducatives a relevant Zousatzqualifikatiounen (Pikler-Grundkurs ass vu Virdeel)
- Du hues Erfarung an der pedagogescher Aarbecht mat Kanner
- Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung
- Du hues fundéiert Kenntnisser an der non-formaler Bildung
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
- Du bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit
- Du kriss Zäit, fir Dech an d‘ Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen
Education
- Bachelor
Mir Bidden
- Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon
+352 49 53 46-1