arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1000 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.
- Mir siche fir d’Service focus : Fachbegleeder (m/w) - 20-30 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
RESPONSABILITÉITEN
- Konzeptuell Begleedung vu Crèchen (Services d’éducation et d’accueil) an der pedagogescher Qualitéitsentwécklung,
- Pedagogesch Berodung vun de Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen,
- Entwécklung an Ausschaffe vu pedagogesche Konzepter a Projeten,
- Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem edukative Beräich,
- Weiderentwécklung vu praxisorientéierte Formatiounsmodeller an eisem Spillzenter.
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
- Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et Éducatives a relevant Zousatzqualifikatiounen (Pikler-Grundkurs ass vu Virdeel),
- Du hues Erfarung an der pedagogescher Aarbecht mat Kanner,
- Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung,
- Du hues fundéiert Kenntnisser an der non-formaler Bildung,
- Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
- Du bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit.
Du kriss Zäit, fir Dech an d’Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen.
MINDESTENS GEFUERDERT EDUCATIOUN
- Bachelor
ERFUERDERLECH BERUFFSERFARUNG A JOREN
- 3 oder méi Joer
MIR BIDDEN
- Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
