En Educateur diplômé (m/w) fir seng Wunnstruktur zu Boxhorn

Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Vollzeit

Zurück

Fir seng Wunnstruktur zu Boxhorn:

En Educateur diplômé (m/w)
CDD, 40 St/W

 

Mir bidden Iech:

• E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.

• Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Leit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.

• Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.

• Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

 

Application Procedure:

Interesséiert? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt!

• Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?

• Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?

• Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?

• Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?

• Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?

 

Dir hutt bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Ärer Kandidatur näischt méi am Wee!

 

Mir freeën eis, Är Kandidatur bis zum 16. Oktober 2021 u folgend Adress ze kréien:

„Autisme Luxembourg asbl, 1 Jos Seyler Strooss, L-8522 Biekerech“.

Zurück

1, Jos Seyler Strooss
L-8522 Beckerich
Ihr Ansprechpartner
Marc De Geert
Telefon +352 266 233 1

Zurück

Online bewerben

Was ist die Summe aus 7 und 9?

Zurück