een Psycholog fir hir Wunnstrukturen an/oder Atelieren am Norden (w/m/x)

APEMH
Arbeitsort: Nord
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen an Atelieren am Norden vum Land, een Psycholog (w/m/x) fir ee CDI 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Är Missiounen fir den Atelieren (20 Stonnen/Woch) sinn:

d'Berodung a d'Begleedung am psychologesche Beräich vum edukativen an technesche Personal a vun de Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 

Är Missiounen fir de Wunnstrukturen (20 Stonnen/Woch) sinn:

  • Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der Persoun unhand vun sengen Fachkenntnesser
  • Iwwerwaachung vun der pedagogescher / edukativer Approche am Zesummenhang mat psychologeschen, psychiatreschen a verhalensbezunnenen Schwieregkeeten
  • Iwwergraïfend als Beroder fir mental Gesondheet déngen

 

Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Psycholog sinn
  • iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Equippegeescht hunn
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung

Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück