een geléierten Kach - Centre Nossbierg (w/m)

APEMH
Arbeitsort: L-4976 Bettange-sur-Mess
Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Kichen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht,

een geléierte Kach fir een CDI Vollzäit

 


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

RESPNSABILITÉS:

  • Liewensmëttelversuergung/Stockage
  • Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion
  • Uwennung a Kontroll vun Gesondheets- a Sécherheetsnormen
  • Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn

 

ÄRE PROFIL:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

 

WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN:

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

MIR BIDDEN:

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

 

Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück