een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Haus Senior 1 zu Esch/Uelzecht

APEMH
Arbeitsort: Esch/Alzette
Stellenart: Festanstellung Teilzeit

Zurück

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht 1 diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit, fir direkt oder no Ofpsrooch.

 

Job description

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze ginn déi den Optrag huet, Senioren mat intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, no deenen mer bei der APEMH schaffen, ze begleeden. Sie an deenen Beräicher ze ënnerstëtzen wou Hëllef gebraucht gëtt, sief dat am Alldag Doheem, bei der Fräizäitgestaltung, beim akafen an/oder bei administrativen Démarchen.

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück