ee geléierten Bauer oder ee polyvalente Mataarbechter mat Erfarung am Bauerbetrieb fir eisen Atelier Domaine agricole zu Betten (w/m/x)

APEMH
Arbeitsort: Bettange/Mess
Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Domaine agricole zu Betten, ee geléierten Bauer oder ee Mataarbechter mat Erfarung am Beräich Bauerenbetrieb fir een CDI 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.

 


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten:

Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung  an Ärer Beruffsbranch schaffen.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) am Bauerenberäich sinn oder iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn
  • Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn

 

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung

Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück