Ee (eng) Gruppechef (fin)

Fondation Kannerschlass
Arbeitsort: 4434 Soleuvre
Stellenart: Teilzeit Vollzeit

Zurück

D'Fondation Kannerschlass rekrutéiert:

Ee(eng) Gruppechef(fin) fir hiere Centre socio-thérapeutique "CST PASSO" um Cents

CDI, 35 - 40 Stonnen/Woch
Referenz: CST-CG-01

De Poste betrëfft de Centre socio-thérapeutique „PASSO“ zu Lëtzebuerg-Cents, wou 6 Kanner tëschent 6 an 12 Joer daagsiwwer encadréiert ginn. Dës Kanner kënnen aus ënnerscheedleche Grënn temporär net an hire Schoulklasse beschoult ginn. D’Missioun vum Centre ass d’Reintegratioun vun de betraffene Kanner an hir regional Schoulen.

Missiounen

  • alldeeglech Gestioun vum Centre a vun der Equipe ;
  • aktiv Participatioun um Alldagsliewe vum Centre ;
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

Noutwendeg Kompetenzen

  • Diplom vum Educateur gradué, Bachelor en sciences sociales et éducatives oder Equivalent ;
  • Sënn fir Organisatioun ;
  • Fäegkeet eng pluridisziplinär Equipe ze leeden an ze encadréieren ;
  • Erfarung mat Kanner mat sozio-emotionale Verhalensschwieregkeeten ;
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;
  • Fürerschäi B.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D'Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.

 

 

Zurück

Fondation Kannerschlass
rue Winston Churchill, 12
4434 Soleuvre
Ihr Ansprechpartner
Rachel Sebastiani
Telefon +352 59 59 59-1

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 7 und 6.

Zurück