Educateur gradué - focus (m/w)

Arcus
Arbeitsort: Luxembourg
Stellenart: Festanstellung Befristeter Arbeitsvertrag Teilzeit Vollzeit

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir siche fir den Service focus, Formatioun an Entwécklung : Educateur gradué (m/w) - 20-40 Stonnen/Woch CDI | CDD

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Responsabilitéiten
Hues du Loscht am Beräich vun der Weiderbildung ze schaffen a folgend Missiounen ze erfëllen :

  • Organisatioun an Entwécklung vu Formatiounen am Beräich vun der non-formaler Bildung
  • Entwécklung vu neie Formatiounsmodeller
  • Ausschaffe vu pedagogesche Projet'en
  • Austausch mat de Chargé'en bezüglech dem Besoin vun de Formatioune fir hier Ekippen
  • Rekrutement vu neie Formateur'en fir ënnerschiddlech Zilgruppen (Dageselteren, Fleegefamilljen, edukatiivt Personal aus dem Beräich « Service d'Education et d'Accueil » an « Aide à l’Enfance et à la Famille »
  • Recherche an Evaluatioun vu pedagogeschen Inhalter fir d‘ Entwécklung vun neie Formatiounen

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Educatives
  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung
  • Du hues Kenntnisser an der non-formaler Bildung
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
  • Du beherrschs d‘ Programmer MS Word an Adobe Pro fir administrativ Aarbechten  

Mir bidden

  • E Gehalt an Avantagen am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E motivéierenden, multidisziplinäert Aarbechtsfeld an engem Service an Entwécklung
  • E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen

Wann Dir un eiser Propose interesséiert sidd an Dir Iech an dësem Profil erkennt, da schéckt eis är Kandidatur eran

Zurück

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück