Educateur diplômé oder Educateur gradué (M/F/D) - Maison Relais Stroossen / CDI / 40h (Réf: 2738)

Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Chiffre: 2738

Zurück

Educateur diplômé oder Educateur gradué (M/F/D) - Referenz: 2738

an der Maison Relais zu Stroossen am CDI fir 40 Stonnen/Woch

 

Hutt Dir Loscht Schoulkanner op enger spillerescher a freedeger Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen ? Dir hutt de Kapp voller Iddien, sidd naturbegeeschtert a sportlech ?

 

Profil:

  • Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“ oder „Educateur gradué”
  • Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch
  • Dir kënnt autonom schaffen
  • Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Maison Relais ze schaffen
  • Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
  • Dir hutt en Führerschäin B

 

Missiounen:

  • Reegelméisseg Ausflich an Aktivitéiten dobaussen bei all Joreszäit organiséieren
  • Projet’en zu den Themen Natur, Beweegung, Planzen, Séien an Ernten virschloen an duerchféieren
  • Gestaltung an Gestioun vum Kannergaart assuréieren
  • Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
  • D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
  • Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Maison Relais promouvéieren
  • Den Besoine vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht gin

 

Mir bidden Iech:

  • Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
  • De CCT-SAS Kollektivvertrag
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
  • Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
  • Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
  • Eng Organisatioun wou den Mënsch am Virdergrond steet

 

Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Zurück

44, boulevard Joseph II
L-1840 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 2755-2000

Zurück