Educateur diplômé (m/f/n) - 30-40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

Op der Schock
Arbeitsort: Merzig
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

Op der Schock a.s.b.l stellt an:

1 Educateur diplômé (/f/n), CDI 30—40 St./Woch  fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg
 

Missioun:

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
  • Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
  • Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L—8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.

 

 

Zurück

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 1 plus 5.

Zurück