Mir sichen fir eise Service “Ateliers d’inclusion professionnelle” zu Capellen
fir esou séier wéi méiglech
e Gäertner/Landschaftsgäertner (CATP) (m/w/d)
(Réf. : LG 07/2022)
CDI 40 Stonnen/Woch
Är Missioun, zesummen an enger Équipe mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Gréisser Gréngflächen a Parkanlagen ze ënnerhalen (Wues méinen, Hecken a Planze schneiden, Weeër propper halen, Aarbechtsmaterial an der Rei halen ...)
- Eng flott Zesummenaarbecht mat der Gemeng
Äre Profil:
- Motivéiert si, fir mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schaffen a si am Beruffsalldag ze ënnerstëtzen.
- Eng Équipe leeden, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
- Flexibel sinn a mat schwierege Situatioune kënnen eens ginn.
- Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen kënnen.
- Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 309232-277 oder 621 408 123.
D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 05.09.2022 geschéckt ginn un:
Ligue HMC coopérative s.c.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu
www.ligue-hmc.lu

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Ihr Ansprechpartner
Service Ressources Humaines
Telefon
+352 30 92 32 - 222