Comptable (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Service Comptabilité et Facturation

Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

Op der Schock, société coopérative stellt an:

E Comptable (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Service Comptabilité et Facturation zu Réiden

Missioun:

Verbuche vu Clients- a Fournisseursrechnungen (analytesch Comptabilitéit)
Opstelle vu Bilanen, TVA- a Steierdeklaratiounen
Preparatioun vun Decompten a Budgeten
Finanzielle Suivi vun deene verschiddene Servicer
Begleede vun neien interne Projeten
Qualifikatioun a Kompetenzen:

Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an der Comptabilitéit an/oder Gestioun (min. Bac+2)
Beruffserfarung vun op d‘mannst 5 Joer am Beräich vun der Comptabilitéit
Kenntnisser am Logiciel BOB ginn als Virdeel ugesinn
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
Kapabel, an engem Team ze schaffen
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
Analytescht a kritescht Denken
Verantwortungsbewosstsäin a Verlässlechkeet
Gutt PC-Kenntnisser (Excel, Word, ..)
Konditiounen:

CDI
Salaire a Konditioune vum CCT SAS
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gëtt gefrot
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren

Tel: 00352 26 62 18 81

E-mail: recrutement@ods.lu

Zurück

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 9 und 9.

Zurück