Direktiounssekretär (m/w)

Arbeitsort: 1420 Luxembourg
Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

Direktioun Elisabeth Enfance

Är Aufgaben

  • Koordinatioun a Gestioun vum Agenda vun der Direktiounsekipp
  • Gestioun (Planung a Suivi : Fir- a Nobereede, Relecture, ...) vun den administrativen Dossiere vun der Direktiounsekipp
  • Suivi vun den Agrémentsdossier’en vun all den Institutioune vum SEA
  • Redaktioun a Suivi vum Ordre du Jour a vun de Rapporte vun de Reuniounen vun der Direktioun
  • Korrespondenze féiere souwéi intern an extern Kommunikatioun
  • Accueil téléphonique
  • Gestioun vum Courrier (entrant / sortant)
  • Gestioun an Organisatioun vum technesche Bedarf
  • Allgemeng Planung vun den Aktivitéite vum Sekretariat
  • Uspriechpartner fir de Service Ménage

Äre Profil

  • Dir hutt en Diplôme de fin d’études secondaires/secondaires techniques
  • Dir hutt eng Beruffserfarung vu mindestens 3 Joer
  • Dir hutt Kenntnisser vum soziale Secteur am Beräich Enfance et Jeunesse
  • Dir schwätzt lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch
  • Dir hutt an deene Sprooche gutt redaktionell Fäegkeeten
  • Dir hutt exzellent Kenntnisser vum MS-Office
  • Dir hutt ee Führerschäin Klass B
  • Dir kennt Iech selwer gutt organiséieren, sidd gewinnt eleng ze schaffen a schätzt Prioritéite gutt an
  • Dir sidd multitasking, verantwortungsbewosst an diskret
  • Dir schafft gären am Team a sidd hëllëfsbereet
  • Dir hutt eng villsäiteg Aufgab gär a sidd frou, wa keen Dag wéi deen aneren ass

Mir bidden

  • Dës Plaz gesäit een 40 St/W Aarbechtskontrakt vir
  • De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit
  • Eng Ustellung no Ofsprooch
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt maximal an der Carrière C4 bezuelt

Delai fir d‘Kandidatur: 30.12.2021

Zurück

48a Avenue Gaston Diderich
L-1840 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Schenk Michael

Zurück