diploméiert Erzéier (w/m/x) - fir eis Wunnstruktur "Autonomie sécurisée" zu Bartreng

APEMH
Arbeitsort: Bertrange
Stellenart: Festanstellung Teilzeit

Zurück

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht dräi diploméiert Erzéier (w/m/x) fir hir Wunnstruktur " Autonomie sécurisée" zu Bartreng fir 20 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit.

Mir bidden iech d'Geleeënheet Deel vun enger ganz neier Ekipp ze sinn, déi den 1. August 2023 duerch start.

 

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

 

 

Job Description

Am Joer 2021 si mat der “autonomie sécurisée” néi Méiglechkeeten am Beräich Wunnen fir Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung, geschaaffe ginn.

Am September 2023 geet dann elo am Zentrum vum Land, méi genau zu Bartréng, en weideren Service op.

Hei geet et dorëms, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung an hirem Appartement, Studio, WG ze begleeden. Hinnen punktuell Hëllefstellung unzebidden an mat hinnen zesummen Weeër ze sichen, dass Sie hier t ‘Liewen, hier Fräizäit, eegestänneg an sécher gestallten kënnen.

An enger éischter Phase geet en Haus op, mat Platz fir 5 Persounen mat intellektueller Beanträchtegung. An enger nächster Phase, Enn 2024 geet déi zweet Phase vum Projet un.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

• Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

• Beruffserfarung hunn

• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

• Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

• Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

• Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

• De Führerschäin Klass B hunn

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

Mir bidden

• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Zurück

10, rue du Château
L-4976 Bettange-sur-Mess
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück