Coordinateur/trice Assurance Dépendance, CDI, 30 hrs/s

Arbeitsort: L-8522 Beckerich
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

Dir sëtzt Iech gäre fir Leit mat Autismus an hir Familljen an?

Dir kënnt Iech mat der Fleegeversécherung zu Lëtzebuerg aus?

Dir schafft gären autonom an awer trotzdeem am permanentem Kontakt mat anere Kolleegen?

Dir sidd gären an eng multidisziplinär Equipe agebonnen?

Respekt ass fir Iech méi wéi e Wuert mat siwe Buschtawen?

Wa jo, dann zéckt net. Dëse verantwortungsvolle Poste schéint da genau ärem Profil ze entspriechen.

Mir freeën eis op är Kandidatur

Mir bidden Iech :
E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur.  
Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.  
Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?  
Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?  
Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?  

 

Zurück

1, rue Jos Seyler
L-8522 Beckerich
Ihr Ansprechpartner
Marc De Geest
Telefon +352 266 233 1

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 5 und 8.

Zurück