Chef de groupe fir eis Wunnstruktur (m/f/n), CDI 35-40 St./Woch

Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit

Zurück

Op der Schock, asbl stellt an:

E Chef de groupe fir eis Wunnstruktur (m/f/n), CDI 35-40 St./Woch

Missioun:

  • Leedung vum Team vun der Wunnstruktur (Leedung vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher,…)
  • Erstellung a Suivi vun de Schaffpläng, Gestioun vum Congé vun de Mataarbechter
  • Suivi vum gruppeninterne Budget
  • Zesummen mam Coordinateur d’Leedung vum Wunngrupp assuréieren an fir e gudde Fonctionnement suergen
  • Zesummenaarbecht mam Coordinateur an organisatoreschen an administrativen Aarbechten
  • De Coordinateur ersetzen, wann deen am Congé ass
  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtgung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • Op Basis vun de Bedierfnisser an de Ressourcë vun dëse Leit, eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé
  • Minimum 10 Joer Beruffserfarung mat Mënsche mat enger geeschteger Beanträchtegung
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
  • Freed a Motivatioun, den Equipegeescht ze fërderen
  • Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen:

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C4
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) virum 31. Juli un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu

 

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatioune kënnt dir eis gäre kontaktéieren Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: recrutement@ods.lu

Zurück

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques

Zurück

Online bewerben

Was ist die Summe aus 4 und 6?

Zurück