Chef d'Atelier Bäckerei (m/w)

Elisabeth
Arbeitsort: 6832 Betzdorf
Stellenart: Festanstellung Vollzeit

Zurück

Atelier d'inclusion professionnelle "Klouschterbrout"

D’Yolande Coop sicht fir säin atelier d’inclusion professionnelle Bakstuff "Klouschterbrout" zu Mondorf-les-Bains en neie Chef d'atelier.

Disponibiltéit: 1. Semester 2023

  • Gestioun vun der Bäckerei a senge Mataarbechter:innen
  • Organisatioun vun der Produktioun an den Ofleef an der Bäckerei
  • Matschaffen an der Produktioun vu Brout, Kichelcher, Viennoiserie, Pâtisserie a pains surprises
  • Encadrement vun den Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Gestioun vum Stock vum Atelier a Kontakt mat den Fournisseuren

Äre Profil

  • DAP Bäcker-Pâtissier
  • Brevet de Maîtrise gëtt als Virdeel consideréiert
  • Erfarung an der Pâtisserie ass Viraussetzung
  • Dir hutt mind. 5 Joer Erfarung an der Produktioun vun enger Bäckerei oder an der Patisserie
  • Dir hutt Erfarung an der Leedung vun enger Bäckerei
  • Dir sidd motivéiert, zouverlässeg a responsabel
  • Dir schafft selbstänneg, huelt Initiativen a bréngt nei Iddien an den Atelier
  • Dir hutt e gudden Ëmgang mat Clienten
  • Dir hutt en éierlechen Interessi un der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung a wësst si aktiv an d’Aarbechtsprozesser mat anzebannen
  • Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch

Mir bidden

  • Kreativt Ausschaffe vun neie Produiten
  • Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht
  • Schaffen an engem klengen Team mat kuerze Weeër
  • Schaffen an engem modernen an dynameschen Betrib an dem Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung an engem betreiten Ëmfeld schaffen
  • Bezuelung nom CCT-SAS


(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Zurück

Yolande Coop SIS
2 rue de Wecker
6832 Betzdorf
Ihr Ansprechpartner
Maud Hansen

Zurück