Chargé de direction - Maison Relais Gréiwemaacher (m/w)

Arcus
Arbeitsort: Grevenmacher
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge Soziale Arbeit

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

 

Responsabilitéiten

Mir sichen eng Verstäerkung fir d'Equipe dirigeante vun der Maison relais Gréiwemaacher: Chargé de direction (m/w) - 40 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een an Lëtzebuerg unerkannten Bachelor oder Master en sciences sociales et éducatives
  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am erzéieresche Beräich
  • Du kanns selbstänneg schaffen
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser

Mir bidden

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

Zurück

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück