Chargé de direction - Crèche Ollem (m/w)

Arcus
Arbeitsort: Olm
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Responsabilitéiten
Am Kader vun der Ouverture vun enger neier Crèche siche mir eng dynamesch, kreativ a motivéiert Persoun, déi Loscht op d’Konzeptioun an d’Gestaltung vun dësem neie Projet huet. Hei kanns du deng Equipe zesummestellen a gemeinsam mat dëser di konzeptuell Ëmsetzung vun der Crèche preparéieren.

Mir siche fir eis néi Crèche zu Ollem: Chargé de direction (m/w) - 40 Stonnen/Woch CDI

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een an Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur gradué
  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projet’en
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden
  • Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am erzéieresche Beräich
  • Du kanns selbstänneg schaffen
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser

Mir bidden

  • Eng aktiv Ënnerstëtzung beim Organiséiere vun enger neier Struktur
  • E Schaffe mat a Opstelle vun enger multikultureller a dynamescher Equipe
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E motivéierend a multidisziplinäert Aarbechtsfeld
  • E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen

Zurück

2, place de Strasbourg
L-2562 Luxembourg
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück